Webinar zum Theema Jonker a Corona-Zäiten

Generatioun Corona

D'Situatioun vun de Jonken an der Corona-Pandemie steet am Fokus vun engem Webinar, deen de radio 100,7 a Kollaboratioun mam SCRIPT, dem Koordinatiounsservice fir pedagogesch an technologesch Recherche an Innovatioun, organiséiert.
 
Gäscht sinn d'Cheffin vun der Inspection Sanitaire Anne Vergison, den Direkter vum Lycée des Arts et Métiers Fabrice Roth, an d'Jugendfuerscherin Caroline Residori vun der Uni Lëtzebuerg.
 
Bedeelegt Iech mat Äre Froen a Remarken, virun a wärend der Sendung, via fro@webinar.lu oder WhatsApp op de 621 44 00 44.
 
E Videostream vum Webinar fannt Dir op 100komma7.lu
Sendezäit: Freideg, 6. November vu 14:03 bis 15:30.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen