arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10 Rotschléi géint de Cannabis-Konsum

Um Weltdrogepräventiounsdag

|
reading time

3 min

10 Rotschléi géint de Cannabis-Konsum

Zum Weltdrogepräventiounsdag haut huet d'CNAPA, den nationalen Zenter fir d’Präventioun vu Suchten, eng nei Campagne lancéiert, déi speziell dee problematesche Konsum vu Cannabis thematiséiert.

reading time

3 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

De Cannabis ass eng vun de psycho-aktive Substanzen, déi zu Lëtzebuerg vill consomméiert gëtt, dat geet aus dem nationalen Drogerapport ervir. Bis elo war et nach een Tabu, mee mat der Legaliséierung vum Cannabiskonsum kéint ee vill méi einfach präventiv Moossnamen ergräifen, erkläert de Luc Both vum CNAPA.

10 Rotschléi gi wärend der Campagne vermëttelt.

Just konsuméieren, wann et engem gutt geet

Déi Sensibiliséierungscampagne leeft haut, Donneschdeg un. Déi zéng Rotschléi ginn iwwert d’sozial Reseauen diffuséiert.

D’Campagne condamnéiert de Cannabiskonsum net mee wëllt op eng neutral Aart a Weis op d’Risiken hiweisen, grad ewéi dat de Fall beim Alkoholkonsum ka sinn.

Déi éischt Reegel ass, net ze jonk domat unzefänken, wëll d’Gehier an de Kierper sech nach entwéckelen. Grad a punkto Emotiounen, erkläert de Luc Both.

"Cannabis kann och positiv wierken, huet och angeneem Gefiller, soss géif keen et konsuméieren, mee et kann awer och negativ Gefiller verstäerken, dofir ass et dann eng Risiko Botschaft och, wann s de mengs, du misst konsuméieren, da konsuméiere just, wann et der gutt geet."

Lues runtaaschten

Wichteg wier rauszefannen, , ob een iwwerhaapt de Cannabis verdréit, a weider soll een och drop oppasse wat an deene Substanzen dran ass warnt de Luc Both.

"Dat ass eben och ee Risiko dofir sou lues wéi méiglech un d'Dosis sech run ze taaschten. Wann een do eeben Zweifel huet, wéi et reng ass. Dann och net zécken, fir sech un de Service pipapo ze wenden, deen dann eng Analys ka maachen a kucke wéi eng Saache sinn eventuell nach dran."

Hëllef froen, wann néideg

Et kënnt nämlech dacks fir datt aner Substanze bäigemëscht ginn, ewéi syntheetesch Cannabinoiden, déi nach net ganz erfuerscht sinn, méi déi uerg Malaise kënnen ausléisen, schreift de Service PIPAPO, bei deem een iwweregens seng Droge ka gratis an anonym analyséiere loossen.

A grad ewéi beim Alkohol soll een op Cannabis verzichte wann een sech muss konzentréieren, ewéi beim Autofueren an der Schoul oder wann ee mat Maschinne schafft.

D’Campagne viséiert iwwerdeems och vulnerabel Persounen, betount de Luc Both Wann een zu enger gewëssener Risikogrupp gehéiert, soll ee ganz op Cannabis verzichten.

"D'Risikogruppe kënnen ënner anerem sinn eeben ze jonk, awer och schwangere Fraen, Persoune mat Erkrankungen, déi eeben d'Longen erkranken oder Psychose bei sech an der Famill, an do soll een op de Konsum verzichten."

Fir ze préiwen ob een elo staark ofhängeg ass, soll ee Pausen aleeën, iwwregens och beim Alkohol. Kann een dat net da soll ee säin Ëmfeld ëm Hëllef froen, oder och Professioneller consultéieren.