arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10. Gebuertsdag vun der Maison de la Grande Région

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht

|
reading time

1 min

10. Gebuertsdag vun der Maison de la Grande Région

10 Joer no senger Grënnung zitt d’Maison de la Grande Région e positive Bilan. Vertrieder aus de véier Länner sinn haut um Dënschdeg am Haus ob der Escher Gare zesummekomm.

reading time

1 min

© Moris Garzaro
(Foto: Moris Garzaro)

Vun hei aus koordinéieren déi verschidden Institutioune grenziwwerschreidend Projeten, dëst och mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Interreg – engem europäesche Fond fir Entwécklung. An deem Kader wäerten tëschent 2021 an 2027 ronn 90 Projeten an der Groussregioun realiséiert ginn, déi mat 182 Milliounen Euro ënnerstëtzt ginn.

Och d'Netzwierk "Quattropole" tëschent de Stied Lëtzebuerg, Metz, Tréier a Saarbrécken huet an der Maison de la Grande Région hire Setz, seet d'Lucile Wolff-Barthel, Coordinatrice vum Projet.