Am heefegste wieren eeler Leit an d’Urgencë komm, esou den Emile Bock. Ma och Leit déi um Chantier oder soss a Beruffer schaffen, déi vill der Hëtzt exposéiert sinn.
Eeler Leit an obdachlos Mënschen
Déi heefegst Krankheetsbiller wieren Dehydratioun a Malaisë wéinst der Hëtz mat Schwindel a Kappwéi, esou den Dr. Emile Bock.
Zu de vulnerabele Persoune gehéieren eeler Leit, kleng Kanner a schwanger Fraen. Leit déi isoléiert liewen, wiere bei héijen Temperaturen awer och e Risiko.
“Dat heescht virun allem eeler Leit ouni Famill oder generell Leit, déi op sech eleng gestallt sinn. An natierlech déi Populatioun, déi an der Prekaritéit wunnt – also op der Strooss. Bei den SDFen kënnen et Problemer ginn. Wann d’Leit ënner Alkohol- oder Drogenafloss an der Hëtzt aschlofen, kann dat Konsequenzen hunn.”
Schwéier kierperlech Aarbecht oder Medikamenter
Verschidde Beruffskategorië sinn och engem méi héije Risiko ausgesat. Notamment Leit déi schwéier kierperlech Arabescht an der Sonn leeschten, wéi Bauaarbechter an awer och Botz-Personal jee no dem a wéinegem Gebai se schaffen.
“An da gëtt et déi Kategorie Leit mat chronesche Krankheeten, déi ënnerschiddlech Medikamenter huelen, déi sech net gutt mat der Hëtzt verdroen. Zum Beispill Leit mat Parkinson oder Häerz- a Longeproblemer.”
Mat 38 Grad war de Mëttwoch de wäermsten Dag. Hei wieren och déi meeschten Urgencë wéinst den héijen Temperaturen agaangen.
Ganz grave Fäll ewéi eng Hyperthermie – wou déi eege Kierpertemperatur op iwwert 40 Grad klemmt - hätt een awer net gehat, esou den Dr. Emile Bock.
Dëst och well d’Leit sech generell un d’Recommandatioun hale géifen. Eng Hyperthermie kann duerch exzessive Sport an der Hëtz ausgeléist ginn.