arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10.000 Leit zu Bréissel fir Manifestatiounen erwaart

Belsch

|
headphones

1 min

10.000 Leit zu Bréissel fir Manifestatiounen erwaart

Wéinst engem weideren nationale Streik an der Belsch ass de Fluchverkéier do staark perturbéiert. Um Bréisseler Fluchhafen Zaventem goufen haut all d‘Departen annuléiert.

headphones

1 min

Demonstratioun zu Bréissel uganks 2025 | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Demonstratioun zu Bréissel uganks 2025 (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Och bei enger Firma, déi fir d‘Sécherheet um Fluchhafe responsabel ass, gëtt gestreikt. Aus dem selwechte Grond mellt de Fluchfae vu Charleroi, datt haut kéng Fligeren kënne starten oder landen. 

Iwwerdeems ginn zéngdausende Leit an de Stroosse vu Bréissel fir eng grouss Manifestatioun erwaart. D‘Intersyndicale hat zum Streik opgeruff fir weider géint geplangten ekonomesch a sozial Reforme vun der belscher Regierung ze protestéieren. Dorënner eng geplangte Reform vum Pensiouns-System.