arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ 100,7-Netikett op de Soziale Reseauen

Social Media

|
reading time

2 min

100,7-Netikett op de Soziale Reseauen

Mir freeën eis iwwer Är Commentairen an Diskussiounen ënner eise Publikatiounen op de Soziale Reseauen. Haalt Iech w.e.g. dobäi un eis Netikett.

reading time

2 min

E puer Regele fir ee gudde Bäitrag:

  • Behandelt déi aner Notzer:innen an d'Redaktioun w.e.g. esou, wéi Dir wëllt, datt och mat Iech ëmgaange gëtt.

  • Bleift beim Sujet an denkt drun, datt all Notzer Mënschen a keng virtuell Persoune sinn.

  • Evitéiert dowéinst perséinlech Attacken a respektéiert ënnerschiddlech Usiichten.

  • Respektéiert d'Privatsphär. Souwuel Är eegen, wéi och déi vun deenen anere Useren.

  • Benotzt beim Kommentéiere w.e.g. Äre richtegen Numm. Mir behalen eis d'Recht vir, fir Fake User ze spären

Evitéiert an Äre Commentairen:

  • Holocaustleugnung an Holocaustrelativiséierung

  • Beleidegungen, Diffamatiounen, sexuell Uspillungen, sexistesch, rassistesch oder diskriminéierend Aussoen oder pornografesche Contenu

  • Extern Linken ouni Erklärung an/oder Anuerdnung

  • Publicitéit a SPAM

  • Opriff zu Gewalt géint Persounen, Institutiounen oder gesellschaftlech Gruppen Violatioun vum Droit d'Auteur oder anere Rechter

Den Auteur vun engem Post oder Commentaire ass selwer fir de Contenu responsabel. Mir reservéieren eis d'Recht, fir Bäiträg ze editéieren oder ze läschen, wa se géint eis Netikett verstoussen. Wann dat geschitt, maache mir op där respektiver Plaz dorop opmierksam.