One World
in the mood of…
55 min
Mir entdecken den Debut-Album ‘Introspect’ vum jonke Paräisser Museker Hupla.
Bar Italia ass eng zu London baséiert Rock Band di gläich 2 Disken an engem Joer verëffentlecht huet an di zimmlech eegesënneg ze si schéngt…
D’Yona ass e jonkt Lëtzebuerger Talent wat mat hirer Debut-Ep ‘Eclectic Harmonies’ iwwerrascht! Vu Kand u geschoult, huet si 5 Joer laang d’Gei studéiert, mat 7 dunn ugefaangen Texter fir Lidder ze schreiwen, se ze Sangen a sech mat 13 d’Gittar selwer bäibruecht. Och d’Arrangementer stamen aus hirer Fieder. Di ausgeräifte Lidder si viru kuerzem verëffentlecht ginn a kënnegen eng interessant Singer-Songwriterin un.
Haut hale mer eis fir e puer Lidder an der Belsch op, virun allem an zwou Hafestied: Antwerpen an Ostende.
Wa mer vu belschen Artiste schwätzen da féiert kee Wee laanscht den Arno. Hien ass zu Ostende gebuer, ass vill gereest mee ass ëmmer mat senger Heemechtsstaat Ostende a mat sech selwer verbonne bliwwe…
Trip Hop vu Bristol ass haut bei One World derbäi mat Massive Attack als ee vun de bekannte Vertrieder vum Genre an hirem onëmgänglechen Debut ‘Blue Lines’.
Playlist:
1. Hupla - Give Me Some Time - Introspect
2. bar italia - Shoo - The Twits
3. Yona - Dancing In The Desert - ‘Eclectic Harmonies’
4. Yona - In The Moonlight - Eclectic Harmonies
5. Balthazar - Morning - Applause
6. dEUS - Dream Is a Giver - How To Replace It
7. Moondog Jr. - Jintro & The Great Luna - Everyday I Wear A Greasy Black Feather On My Hat
8. Arno - Quand les bonbons parlent - Future Vintage
9. Mokhtar - Disco Chamo (feat. Théo Morin & Marine Quinson) - EP#3
10. Massive Attack - Safe from Harm - Blue Lines
11. Massive Attack - Heat Miser - Protection
12. Westbam - Kick It Like a Sensei (feat. Lil Wayne) - Götterstrasse
13. Espen Horne - Den Franske Gitaren (feat. Aich) - The Anatomy of Serene Eloquence