Déi Lëtzebuerger Pianistin Sabine Weyer an de russesche Geiist Andrey Baranov hu sech virun e puer Joer op engem Festival an der Schwäiz kennegeléiert. An zwee Deeg (12.11.) kann ee si zu Buerglënster um Festival fir d‘éischte Kéier am Duo hei zu Lëtzebuerg héieren, mat Wierker vu Prokofiev, Tchaikovsky, Szymanowski, Ravel a Wieniawski.
D‘Sabine Weyer verréit méi iwwer dës nach frësch Zesummenaarbecht, hei am Interview beim Christophe Mirkes.