Dagdeeglech
Viru 77 Joer stierft d'Aline de Saint-Hubert
3 min
Gebuer den 22. August 1874 an der Stad Lëtzebuerg, bestuet sech d‘Aline de Saint-Hubert mat 20 Joer mam Ingenieur Emile Mayrisch a gëtt spéider ënner dem Numm Aline Mayrisch bekannt. Zu Liefzäite fërdert si Konscht a Literatur an och um soziale Plang ass si ganz engagéiert. Esou war si z. B. Matgrënnerin vun der Association pour les intérêts de la femme, war aktiv bei der Grënnung vum Meedercherslycée an der Stad, deem haitege Lycée Robert-Schuman, war Presidentin vum Roude Kräiz, huet un der Grënnung vun anere sozialen Organisatiounen, wéi och där éischter Crèche zu Esch-Uelzecht, matgewierkt.
Si ass haut op den Dag viru 77 Joer am franséische Cabris am Alter vun 72 Joer gestuerwen.