Retromania
Viru 55 Joer war d'Bed-In-For-Peace-Aktioun
7 min
Et si 55 Joer hier, datt den Ex-Beatle John Lennon a seng Fra, déi japanesch Avant-garde-Artistin Yoko Ono hir “Bed-In-For-Peace”-Aktioun tëschent dem 25. an 31. Mäerz 1969 gemaach hunn.
Siwen Deeg louchen de John Lenon an d’Yoko Ono an der Suite 902 vum Hilton-Hotel mam Pyjama am Bett an hunn domat géint de Krich, besonnesch de Vietnam-Krich a fir de Fridden demonstréiert.
D’Biller vun deenen Zwee am grousse Bett goungen deemools ronderëm d’Welt an hu sech an d’Mémoire collective agebrannt.
De Jean Claude Majerus erënnert un dës Aktioun fir de Weltfridden, och wa se um Enn, leider, net vill bruecht huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus