Retromania
Urs Widmer: Den Dramatiker an Romanauteur
6 min
Dem Schwäizer Auteur Urs Widmer säi Wierk gehéiert zur grousser Literatur, an et kann een hien ouni Zweiwel gläichsetze mat den zwee anere renomméierte Schwäizer Schreiwerte Max Frisch a Friedrich Dürrenmatt.
Den Urs Widmer war zanter ufanks den 1990er Joer e renomméierten Auteur, an hie wär dat deemools och ginn, wann de “Literatur-Poopst” Marcel Reich-Ranicki dem Widmer säi Wierk “Der blaue Siphon” op der Televisioun virun engem Milliounepublikum net an den Himmel gelueft hätt.
De Reich-Ranicki sot deemools iwwer dem Widmer säi Buch: “Dat muss een einfach liesen”.
De grousse Schwäizer Schrëftsteller Urs Widmer ass virun zéng Joer, den 2. Abrëll 2014, am Alter vu 75 Joer gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus