Retromania
Ulrich Matthes: E Schauspiller mat Charakter
9 min
Den däitsche Film- an Theateracteur Ulrich Matthes ass zu Lëtzebuerg virun allem duerch seng Roll als Abbé Kremer am Volker Schlöndorff sengem Film “Der neunte Tag” bekannt ginn, e Film deen um Liewen vum Lëtzebuerger Abbé Jean Bernard a senger Zäit als Prisonnéier am KZ Dachau baséiert.
De Ulrich Matthes ass een vun de ganz Groussen an der däitscher Theaterlandschaft, an e wosst ëmmer nees ze iwwerzeegen, wéi am Tschechow sengem “Onkel Wanja” oder als George am Edward Albee sengem Klassiker “Wer hat Angst vor Virginia Woolf”.
Am Retromania vum Jean Claude Majerus steet den Ulrich Matthes déi Kéier awer net wéinst dem Theater oder dem Film am Mëttelpunkt mä wéinst sengem Gebuertsdag, hie kritt nächst Woch en Donneschdeg 9 Mee 65 Joer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus