Laang hu mir op en Ëmschwong gewaart, elo kënnt en. Den Hierscht kritt sech endlech duerchgesat.
Gëschter um Donneschdeg huet eis eng Kalfront gesträift. Dat war och de Grond fir déi vill Wolleken an och de Reen, deen sech endlech no enger gefillter Eiwegkeet mol erëm bei eis konnt weisen. Dës kleng Ännerung war awer just den Ufank, well et an den nächste Stonnen an Deeg mat gréissere Changementer wäert virugoen. Mam Philippe Ernzer vu Météo Boulaide