Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Smashing Pumpkins - Bullet With Butterfly Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sample vun der Woch

100komma7.lu / Sample vun der Woch

/ Sylvia Striplin - You Can't Turn Me Away

Sylvia Striplin - You Can't Turn Me Away

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D’Sylvia Striplin ass eng amerikanesch R&B- a Soul-Sängerin, 1954 gebuer. Si ass bekannt fir hir Soul-voll Stëmm an hiren aussergewéinleche Sound.


D’Striplin huet hire musikalesche Wee an den 1970er Joren ugefaangen. Si war aktive Member vun der New Yorker Soul-Zeen. Hir Stëmm an hir Performance hu sech duerch hir eemoleg a staark Interpretatioun ausgezeechent.


Si huet e puer Singles erausbruecht, wéi zum Beispill "You Can't Turn Me Away" a "Give Me Your Love". Dës Lidder sinn eng Kombinatioun aus R&B, Soul a Funk a hu si zu enger bekannter Sängerin an der Soul-Musek gemaach. D’Striplin war och als Backgroundsängerin aktiv an huet mat verschiddene bekannte Kënschtler zesummegeschafft, wéi Roy Ayers an Aquarian Dream.


Obwuel d’Sylvia Striplin nëmmen eng kleng Diskografie hat, huet hir Musek iwwer d'Joren ëmmer méi u Renommée gewonnen a si zu enger respektéierter Kënschtlerin an der Soul-Musek gemaach. Kuerz drop huet si sech aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn.


Hiert Lidd "You Can't Turn Me Away" gouf produzéiert vum legendäre Musiker Roy Ayers. D'Texter handele vu Selbstvertrauen an de Wëlle sech net vun de Meenunge vun anere beaflossen ze loossen. De Song verkierpert de Geescht vu senger Zäit a beréiert d'Nolauschterer mam Message vun Onofhängegkeet a Selbstvertrauen. Déi eenzegaarteg Kombinatioun aus enger Stëmm, déi verféiert a musikaleschen Arrangementer, déi opfalen, mécht en zum Klassiker vum R&B- a Soul-Genre.


Den Track gouf och dacks gesampelt a remixt, wat säin dauerhaften Impakt an der Musekslandschaft ënnersträicht. Dat bekanntst Beispill ass warscheinlech vu Junior M.A.F.I.A. zesumme mam Notorious BIG, déi de Sample Get Money” doraus maachen.

2019 huet och de Game de Sample benotzt, fir säi “Gold Daytonas” doraus ze produzéieren.

1997 haten d’Backstreet Boys den Track scho benotzt, an zwar fir e Lidd vum Soundtrack vum Film “Booty Call”. Si ware komescherweis niewent Rapper wéi zum Beispill KRS One oder Too Short um Soundtrack ze fannen.

Och an der House Musek gouf de Sample benotzt. Hei ass zum Beispill de “Real Love” vun Alan Da Funk aus dem Joer 2019.

Episoden

Leon Haywood - I Want'a Do Something Freaky To You

Deen amerikanesche Funk- a Soul-Sänger, Keyboarder, Plackeproduzent a Songwriter ass besonnesch bekannt fir säi groussen Hit "I Want'a Do Something Freaky to You", en Dauerfavorit an der Funk- a Soul-Community.
headphones

9 min

play_arrow

Kid Dynamite - Uphill Peace Of Mind

Eng amerikanesch Soul- a Funkband aus den 1970er Joren, bekannt fir hiren eenzegen Hit "Uphill (Peace of Mind)". Den Drumbreak aus dësem Lidd gouf Dosende Mol am Hiphop gesampelt, vun Just Ice bis Rob Base.
headphones

8 min

play_arrow

Keni Burke - Risin' To The Top

En amerikanesche Sänger, Songwriter, Plackeproduzent a Multi-Instrumentalist. Hien ass besonnesch bekannt fir säin Hit "Risin' to the Top", deen erfollegräich vu villen Rap-Kënschtler gesampelt gouf.
headphones

12 min

play_arrow

Johnny Guitar Watson - Superman Lover

En extravagante Bluessänger, Gittarist a Songwriter aus de 70er Joren, deem säin Hit "Superman Lover" e grousse Following am Hiphop, besonnesch beim Redman huet ...
headphones

11 min

play_arrow

John Coltrane - My Favorite Things

Dee groussen Jazzmuseker huet eng bedeitend Roll an der Entwécklung vum Bebop, Hard Bop a Free Jazz gespillt. Seng Samples si ganz beléift beim Andre 3000.
headphones

19 min

play_arrow

Jacques Loussier - Pulsion

Dee renomméierte franséische Pianist a Komponist huet klassesch Musek an Jazz fusionéiert fir en eenzegaartege Mix ze kreéieren. Säi Sample huet zu engem Hit vum Eminem bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Jack Wilkins - Red Clay

Den Jack Wilkins ass en amerikaneschen Jazz-Gittarist, dee fir eng aussergewéinlech Technik bekannt ass. Hien huet eng laang a produktiv Karriär a gouf ënner anerem vun A Tribe Called Quest gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Idris Muhammad - Crab Apple

Deen amerikanesche Jazz- a Funk-Batteur ass besonnesch bekannt fir seng innovativ Spillweis a gouf vum Notorious BIG gesampelt.
headphones

11 min

play_arrow

Herb Alpert - Rise

Deen amerikaneschen Trompettist, Komponist a Museksproduzent huet mam Jerry Moss d'Plackefirma A&M Records gegrënnt. Seng Musek huet dozou bäigedroen ee vun de gréissten Hits am Rap ze produzéieren.
headphones

12 min

play_arrow

Gwen McCrae - 90% Of Me Is You

Eng amerikanesch Soul- a Funk-Sängerin, déi besonnesch an den 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Hir kräfteg Stëmm an hir leidenschaftlech Interpretatiounen hu si bei Hiphop-Produzente ganz beléift gemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Grant Green - Down Here on the Ground

Deen amerikanesche Jazz-Gittarist ass besonnesch fir seng Aarbecht am Hard Bop, Soul Jazz a Bebop bekannt. Seng Fusioun vun den Elementer hunn hien zu enger beléifter Sample-Quell gemaach.
headphones

11 min

play_arrow

Grace Jones - My Jamaican Guy

Déi jamaikanesch-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin, Model a Performance-Kënschtlerin ass bekannt fir hir eenzegaarteg Stëmm, extravagant Bünenoptrëtter an hir faszinéierend Perséinlechkeet.
headphones

10 min

play_arrow

Gladys Knight and The Pips - The Way We Were/Try to Remember

Gladys Knight and The Pips ass eng amerikanesch Soul- a R&B-Grupp, déi besonnesch an den 1960er an 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Dës Motown-Band gouf erfollegräich am Nonzeger-Joren-Hiphop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Gene Chandler - Duke Of Earl

Deen amerikanesche Sänger, Songwriter a Museksproduzent ass am meeschte bekannt fir säi Lidd "Duke of Earl" . Säi Lidd leet de Grondstee fir der Cypress Hill hiren Hit "Hand on the Pumpgun".
headphones

6 min

play_arrow

Galt MacDermot - Space

E kanadesch-amerikanesche Komponist, Pianist a Museker, besonnesch bekannt fir seng Aarbecht am Musical "Hair", mee hien huet gläichzäiteg zu engem vun de gréissten Hits vum Busta Rhymes bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Fred Wesley and The J.B.'s - Blow Your Head

Eng legendär Funkband, déi an den 1970er gegrënnt gouf. Si waren en Deel vun der grousser James-Brown-Musekfamill a goufen dacks am Hip-hop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Donny Hathaway - Jealous Guy

Den Donny Hathaway war en amerikanesche Soul-Sänger, Pianist, Komponist a Produzent, dee seng Lidder passionéiert interpretéiert huet. Seng Samples hunn et bis an de Laptop vum Kanye West gepackt.
headphones

8 min

play_arrow

Dizzy Gillespie - Matrix

Den Dizzy Gillespie war en amerikanesche Jazz-Trompettist, Bandleader, Komponist a Sänger. Hien ass bekannt als ee vun de Pionéier vum Bebop a war ganz beléift bei verschiddenen Hiphop-Produzenten.
headphones

8 min

play_arrow

Cymande - The Message

Eng brittesch Funk- a Soulband, bekannt fir hir eenzegaarteg Mëschung aus Funk, Soul, Reggae, Jazz an afrikanescher Musek. Hir Musek gouf dacks gesampelt, dat bekanntst Beispill kënnt vun engem Rapper vu Paräis.
headphones

84 min

play_arrow