Owesconcert
Spillen, bis engem d'Fangere bludden
Ee vun deene schwéierste Stécker aus der Pianosliteratur interpretéiert den Olli Mustonen, begleet vun der Deutscher Radio Philharmonie ënner der Leedung vum Pietari Inkinen: Dem Bela Bartok säin 2. Pianosconcerto.
Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 17. Mäerz 2024, den de Radio 100,7 an den SR 2 KulturRadio an der Congresshalle zu Saarbrécken opgeholl hunn. Dee kënnt Dir bis den 31. Mee um www.opus.radio lauschteren.
Programm:
Béla Bartók (1881-1945): Pianoconcerto Nr.2 a Sol Majeur
Anton Bruckner (1824-1896): Sinfonie Nr.2 an Do mineur
Interpreten:
Olli Mustonen, Piano
Deutsche Radio Philharmonie Saarbrécken/Kaiserlautern
Pietari Inkinen, Direktioun
Presentéiert vum
- Marie Trussart