Den 12. Mäerz si Sozialwalen: deen Dag ginn d’Personaldelegatiounen an den Entreprisë mat iwwer 15 Beschäftegten nei gewielt. Donieft ginn iwwer Bréifwal déi 60 Membere vum Plenum vun der Chambre des salariés fir déi nächst fënnef Joer bestëmmt.
Seng Campagne fir d’Sozialwalen 2024 hat den LCGB schonn Enn November d’lescht Joer lancéiert, bei der Presentatioun vun de Kandidate fir d’CSL. Den OGBL huet seng Campagne een Dënschdeg lancéiert.