Song vum Dag
Sinkane - Evereything is Everything (feat. Tru Osborne)
9 min
Dem Ahmed Gallab seng lescht Plack “Dépaysé”, 2019, war vu senger Biografie inspiréiert, déi hie vun Omdurman op der Flucht virun der Gewalt am Sudan, iwwer London an den Ohio geféiert huet. Hei fänkt hie mat 18 seng Pop-Karriär un. Hardcore Punk, als éischt, duerno Sessionueker fir grouss Nimm: Haut huet hien eng nei Walheemecht, Brooklyn. Seng Indie-Weltmusik spillt hie gréisstendeels selwer an eleng an: Drums, Bass, Gittar, Keyboards an natierlech Gesang.
"Everything Is Everything“ kënnt als Virgeschmaach op dat, wat do nach kënnt, ouni am Moment een Album an Aussiicht ze stellen. “Everything is Everything” huet doriwwer eraus vun der Kollaboratioun vum Money Mark vun de Beatie Boys profitéiert, niewent dem Jazz-Fusion-Museker Casey Benjamin an dem Songwriter Mikey Freedom Hart, dee fir Taylor Swift, Portugal The Man, Dev Hynes Tënt fléisse gelooss huet.
Presentéiert vum
- Marc Clement