Klassik Aktuell
Schöngeist
6 min
Sträichquartetter ginn et der onmoosseg vill. Schonn eleng den Haydn huet der 68 geschriwwen. Bei de Sträichtrioen ass d'Offer allerdéngs guer net esou grouss, mee dofir awer net manner schéin oder interessant. De Schengen Trio spillt haut den Owend (27.11.) am Kammermusekssall vun der Philharmonie. Niewent Wierker vu Beethoven, Haydn a Kodaly steet och e Wierk vun engem Komponist um Programm, dat souguer fir d'Museker:inne vum Ensembel eng komplett Neientdeckung war.
Am Interview beim Christophe Mirkes huet d'Anik Schwall, d'Cellistin vum Schengen Trio, verroden, ëm wéi ee Komponist et sech dobäi handelt a wat e "Schöngeist" mat der Musek fir Sträichtrio ze doen huet.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes