Concert Euroradio
Schicksal
Schicksal, dat ass de Motto vum Concert Euroradio mam Chouer an Orchester vu San Francisco ënner der Leedung vun der franséischer Dirigentin Nathalie Stutzmann. Ëm Schicksal geet et an den dräi Chouerwierker vum Johannes Brahms - "Nänie", "Gesang der Parzen" a "Schicksalslied" - an och am Piotr Tchaikovsky senger sechster Symphonie, der "Pathétique", déi d'Onauswäichlechkeet vum Schicksal autobiographesch a Musek setzt.
Programm:
Johannes Brahms: Nänie, op.82
Johannes Brahms: Gesang der Parzen, op.89
Johannes Brahms: Schicksalslied, op.54
Pjotr Iljitsch Tschaikowski: Symphonie Nr. 6, op.74 (Pathétique)
San Francisco Symphony Chorus
San Francisco Symphony Orchestra
Nathalie Stutzmann, Direktioun