Song vum Dag
Roky Erickson - Aint Blues Too Sad
Eise Song vum Dag geet 5 Joer zeréck an d’Museksgeschicht bei den Doud vum Roky Erickson, Sänger a Frontmann vun de 13th Floor Elevators. Mat 71 gestuerwen, war hie fir d’Musek schonn 10 Joer laang stomm. Op engem Concert 1968, kuerz no der Verëffentlechung vum Debutalbum vu senger Psychedelic Rock Band, fänkt hien op der Bün u Kauderwelsch ze schwätzen a gëtt net laang duerno mat paranoider Schizophrenie diagnostizéiert. Trotzdeem huet hie weider Musek gemaach. De Marc Clement mat Musek fir bei d’Geschicht.
Presentéiert vum
- Marc Clement