Retromania
Randy Newman: De Songwriter mat vill Sarkasmus
7 min
An der amerikanescher Musekszeen feelt et sécher net u gudde Sänger, Pianisten a Songwriter. Mee ënner all deene ginn et der, déi een eraushiewe kann. Dozou zielt ouni Zweiwel de Randy Newman, bei deem ee vun engem musikalesche Genie schwätze kann.
De Randy Newman huet fir sech selwer geschriwwen, op där enger Säit bësseg a sarkastesche Chansonen, op där anerer Säit Filmmusek, fir déi hien ewell schonn zwee Oscaren a sechs Grammye krut.
Am Fong hat de Randy Newman keng aner Méiglechkeet, wéi Museker ze ginn. Säi Papp, en Dokter, huet niewebäi Klarinett am Benny Goodman senger Band gespillt, da seng Monnien Alfred, Lionel a Emil Newman, waren nawell renomméiert Filmkomponisten. An hien ass de Cousin vun engem weidere Filmmuseker, den Thomas Newman.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus