Schwéierpunkt vum Dag
Protest-Manifestatioun bei russesche Walen zu Lëtzebuerg
5 min
Russland huet déi dräi lescht Deeg gewielt. Zu Lëtzebuerg waren d’Russe gëschter opgeruff hir Stëmm fir d’Presidentewal ofzeginn. An zwar op der russescher Ambassade zu Dummeldeng. D’Wal gëllt net als fräi, déi wichtegst Oppositiounsvertrieder goufe vun Ufank u vun de Walen ausgeschloss. Observateure soen dem aktuelle President Wladimir Putin seng héchste Victoire iwwerhaapt viraus. Trotzdeem goufen et international Protester, och hei zu Lëtzebuerg, wou d’Organisatioun RUHelp op eng Protest-Manifestatioun virun der russescher Ambassade opgeruff hat. An dat mat Succès, wéi d’Michelle Barthel op der Plaz konnt feststellen.
Presentéiert vum
- Michelle Barthel