Presserevue
Presserevue
Wéi Lëtzebuerg d’NATO mat gegrënnt huet: dorun erënnert haut d’Lëtzebuerger Wort. Als klengste Grënnungsmember hätt de Grand-Duché vun Ufank un Zouverlässegkeet a Loyalitéit bewisen.
Och am Tageblatt heescht et, datt d’NATO haut de 75. Joresdag vun der Ënnerschrëft vum Nordatlantik-Vertrag feiert.
“Méi Respekt w.e.g.”, mat dësem Zitat ass den Tageblatt-Editorial vum Jenny Zeyen iwwerschriwwen. Thema sinn d’Aggressioune géint Jugend-Schiedriichteren.
Iwwert d’Aarmut zu Lëtzebuerg an iwwert déi sozial Schiflag schreift den Eric Hamus am Editorial an der Revue.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler