Retromania
Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikaneschen Folksong
9 min
Hie war déi zentral Figur vum Folk-Boom an den 1960er Joren a war gläichzäiteg och en Traditionalist, ee lénken Aktivist an ee vun de Fondateure vun der moderner Singer-Songwriter-Konscht.
De Pete Seeger ass de 27. Januar 2014, haut virun zéng Joer, am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen, a mat him huet d‘Welt deemools net nëmmen eng Folk-Music-Legende, mee och nach ee Kënschtler, dee sech säi ganzt Liewe laang fir eng besser Welt agesat huet, verluer.
2008 huet de Pete Seeger, 89 Joer al, nach e Studio-Album mam Titel “Pete Seeger at 89” opgeholl, an och politesch blouf hien ëmmer aktiv, andeems hie sot: “Mat engem Song kann ee seng Gedanken ausdrécken, an et kann een zesummen eppes maachen." De Pete Seeger huet awer direkt drop gemengt, datt et net duergéing, Lidder ze schreiwen. Mee et misst och eppes geschéien”.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus