Panorama
Owespanorama
12 min
1. Lëtzebuerger Internetsäite sinn zanter gëschter am Viséier vu russeschen Hacker. Wéi aus hire Kanäl op Telegram ervirgeet, si weider Cyberattacken op Sitte vu privaten an ëffentlechen Entitéite geplangt
2. Géint d‘Heescheverbuet a fir méi soziale Wunnraum hunn am Nomëtteg eng Partie Organisatiounen an der Stad protestéiert. Ronn 30 Leit hate sech um Knuedler versammelt
3. D‘Heescheverbuet war haut och nees Theema am Diddelenger Gemengerot. Konkret ass ëm d’Ofzéie vu Polizisten aus aneren Uertschafte gaangen, fir ënner anerem an der Stad d’Heescheverbuet ze kontrolléieren
4. Bei den Olympesche Spiller zu Paräis wäert Lëtzebuerg eng éischte Kéier mat engem Natiounenhaus vertruede sinn. D’Maison du Luxembourg wäert am Stadion Jean-Bouin am 16. Arrondissement zu Paräis sinn
5. Israel léisst sech net vun der geplangter Buedemoffensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ofbréngen, och wann d‘USA déi Pläng net géifen ënnerstëtzen, seet den israeelesche Premier Netanyahu
Presentéiert vum
- Marlène Clement