Panorama
Owespanorama
11 min
1. Den OGBL zitt zwou Wochen no de Sozialwalen ee positive provisoresche Bilan mat 2.268 effektive Personaldelegéierten. Dat wiere ronn 15 Prozent méi wéi nach viru fënnef Joer
2. Am Nomëtteg huet op der Cour d’appel deen zweete Prozess ëm d’Verontreiung bei der Gesondheetskeess ugefaangen
3. D’Finanzkommissioun vun der Chamber huet sech de Moie mam Avis vum Conseil national des finances publiques zu ënner anerem dem Staatsbudget fir dëst Joer befaasst. Den Avis vum CNFP gëtt muer offiziell presentéiert
4. Am Abrëll wäerte ronn 9.000 Salariéë kuerz schaffen. Dat sinn der gutt 1.000 méi wéi nach dee Mount virdrun. De Konjunkturcomité huet 114 Demandë vu Betriber fir Deelzäitaarbecht guttgeheescht
5. Zu Bréissel si sech d’EU-Memberlänner am Prinzip eens ginn iwwer Mesuren, déi de Baueren entgéintkomme sollen. Et geet an éischter Linn ëm Lockerunge vun Ëmwelt-Reegelen, déi d’EU-Kommissioun proposéiert hat
Presentéiert vum
- Marlène Clement