1. D’Oppositioun spuert net mat Kritik um Logementsmesurëpak, deen de Moien an enger gemeinsamer Chamberkommissioun vum Interieur, Environnement a Logement presentéiert gouf
2. D'Steierverwaltung an den Enregistrement wëlle vun haut u verstäerkt zesummeschaffen. Wéi de Finanzminister an engem Communiqué schreift, wier et eng nei wichteg Etapp am Kampf géint de Steierbedruch
3. D‘EU-Ausseministeren hunn haut zu Lëtzebuerg deen neie Sanktiounspak géint Russland formell ugeholl
4. Knapp dräi Milliarden Euro aus dem EU-Emissiounshandel sollen an zentral- an osteuropäesche Memberlänner investéiert gi fir de Klimaschutz
5. Bei enger internationaler Aktiounswoch géint de Mënschenhandel sinn iwwer 200 presüméiert Täter festgeholl ginn. Dat huet d‘Policeautoritéit Europol zu Den Haag matgedeelt