Panorama
Owespanorama
12 min
1. D‘Decisioun vun der Regierung d’Reform vum Loyersdeckel nees zeréckzezéie suergt fir ënnerschiddlech Reaktiounen. Kritik kënnt virun allem vu Säite vun der Oppositioun
2. D‘Regierung gesäit net vir e Congé parental fir Fleegefamillen anzeféieren. Dat äntweren de Justiz-, den Educatiouns- an de Familljeministère op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten
3. No der Demissioun vum Luc Marteling als Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, huet de Kulturministère de Pierre Reding als Direkter faisant fonction nominéiert
4. Beim Brand de Moie vun der historescher Bourse zu Kopenhagen si Strukture beschiedegt ginn, déi d‘Gebai droen. Dat hunn déi zoustänneg Pompjee confirméiert. D‘Feier wier an Tëschenzäit awer ënner Kontroll
5. No der iranescher Attack op Israel huet elo och de russesche President Wladimir Putin an engem Telefonsgespréich mat sengem iraneschen Homolog Ebrahim Raisi all d‘Parteien am Noostkonflikt opgeruff sech zeréckzehalen
Presentéiert vum
- Marlène Clement