rainy days - dat ass dee gréisste Festival fir zäitgenëssesch Musek hei zu Lëtzebuerg. Motto dëst Joer ass “Memory”, also Erënnerung. An haut den Owend (16.11.) ass dee groussen éischte Concert vum Festival “Of Ancient Skies and Souls”. Do stinn d’Lëtzebuerger Philharmoniker op der Bün, dat mam Gerry Cornelius als Dirigent. D‘Musek ass vun dräi Komponistinnen, a mat dobäi ass och eng Weltpremière. An déi dräi Komponistinnen Errollyn Wallen, Sophie Lacaze a Bushra El-Turk, an och den Dirigent Gerry Cornelius, hu sech mam Marie Schockmel ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Of Ancient Skies and Souls
headphones
28 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel