Klassik Live
Of Ancient Skies and Souls
Dësen Donneschdeg (16.11) fänkt de Festival rainy days, de Festival fir zäitgenëssesch Musek, an der Philharmonie un. Theema ass dëst Joer d'Erënneren, an dorëms geet et och am Concert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, deen de radio 100,7, an den opus 100,7 zesumme mam SR2KulturRadio live aus der Philharmonie iwwerdréit.
"Of Ancient Skies and Souls" ass de Concert iwwerschriwwe mat der Uropféierung vun "Northern Lights" vun der Errollyn Wallen - eng Commande vun de Philharmonie.
Programm:
Sophie Lacaze: Soupirs d'étoiles
Bushra El-Turk: Ka fir Solo-Perkussioun a Sträicher
Errollyn Wallen: Northern Lights (Uropféierung, Commande vun der Philharmonie)
Vivi Vassileva, Perkussion
Lëtzebuerger Philharmoniker
Gerry Cornelius, Direktioun