Mat der Rentrée an de Schoule geet och déi nei Saison vum Cube 521 zu Maarnech geschwë lass. Um Programm sti ronn 50 Produktiounen, mat Theater, Danz a Musek. Nieft traditionelle Projete wéi de Klenge Maarnecher Festival an och Les Dimanches du Chant Grégorien, stinn och vill nei Nimm op der Affiche. Ënner anerem de jonke Pianist Florian Christl oder de Balkan Paradise Orchestra, deem säin Optrëtt definitiv ee vun den Highlighte vun dëser Saison ass. D’Marie Schockmel huet sech mat der Christine Keipes, der Directrice Artistique vum Cube 521, ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Nei Saison vum Cube 521 zu Maarnech
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel