Virun enger gudder Woch gouf d’Nathalie Morgenthaler um Krautmaart vereedegt. Déi 44 Joer al Suessemer Schäffen ass op der CSV-Südlëscht fir de Gilles Roth an d’Chamber nogeréckelt.
Wien ass déi nei Deputéiert a wéi eng Impulser wëllt si an hirer neier Roll setzen? D’Marlène Clement huet d’Nathalie Morgenthaler an hirem Büro op der Gemeng Suessem getraff a wollt virop vun hir wëssen, wéi hire politesche Parcours ugefaangen huet.