Europa Aktuell
NATO: Schwede sëtzt weider op der Bänk
Schweden huet am Mee 2022 eng Demande gemaach fir Member vun der NATO ze ginn. Deemools war gehofft ginn, datt dat nach kéint dat nämmlecht Joer am Summer geschéien. Do huet awer den tierkesche President Erdogan ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach. D’Tierkei blockéiert bis elo de schweedesche Bäitrëtt an huet sech och an de leschte Wochen net substanziell beweegt. Op der Reunioun vun den Nato-Ausseministeren zu Bréissel hätt sollen an der Zentral vun der NATO gefeiert ginn - amplaz dovunner gouf den Drock op d’Tierkei erhéicht.
Presentéiert vum
- Daniele Weber