Panorama
Moiespanorama
11 min
1. An der Chamber gouf gëschter Owend Fettleibegkeet diskutéiert, eng Zockertax soll awer net kommen
2. D‘lescht Joer huet d‘Ëmweltverwaltung eng 289 Kontrollen a Geschäfter, Entreprisen, Industrieanlagen an op der Strooss gemaach
3. D‘EU wäert op verschidden ukrainesche Liewensmëttelimporter nees Douanestaxen aféieren, doriwwer goufe sech gëschter Owend Vertrieder vun den EU-Staaten a vum Europaparlament eens
4. D‘USA wëllen Israel Alternativen zu enger Groussoffensiv op d‘Stad Rafagh ubidden. Déi amerikanesch Regierung géif deemno iwwer e puer Optiounen nodenken, déi se d‘nächst Woch der israeelescher Säit wäerte virleeën
5. An den USA goufen zwee fréier Policebeamten zu 20 respektiv 17 an en halleft Joer Prisong verurteelt. Si sollen am Januar bei enger Perquisitioun zwee Afroamerikaner gefesselt an duerno gefoltert hunn
Presentéiert vum
- Jacques Ganser