... vun Asyldemandeuren, deenen hir Demande refuséiert gouf”. Dat sot de Finanzminister Gilles Roth ufanks Mäerz beim Depot vum Staatsbudget. Eng Ausso déi Froen opwerft.
Knapp 300 Persoune goufen zejoert aus Lëtzebuerg ausgewisen. 166 dovu si fräiwëlleg an dat Land zeréckgaangen, aus deem si geflücht sinn - mee méi wéi een Drëttel goufe forcéiert, Lëtzebuerg ze verloossen. Mir hu recherchéiert: Wou sinn d’Problemer mat de forcéierte Retouren; an: aus wéi enge Grënn gi bal d’Hallschent vun de Réckflich ofgebrach?