1. D‘Affär Claude Meisch kritt keng juristesch Suitten, de Parquet huet den Dossier klasséiert
2. D’Attraktivitéit vun de medezinesche Beruffer wier een nationale Problem, seet d‘Dr. Martine Goergen, déi e Freideg Generaldireketsch vum CHL gëtt
3. De Premier Luc Frieden reest haut op Paräis, wou eng 20 Staats- a Regierungscheffen zesumme si fir der Ukrain weider Ënnerstëtzung zouzesoen
4. Déi palästinensesch Regierung trëtt zeréck: de palästinensesche Premier huet dem President Mahmut Abbas d‘Demissioun agereecht
5. No Schweden huet elo och Dänemark d‘Enquête rondrëm d‘Sabotage-Aktiounen un der Nordstream-Pipeline falegelooss