83 Prozent vun de Bierger:innen an der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’Déierentransporter sollten an der Zäit limitéiert ginn. Dem rezenten Eurobarometer sinn et zu Lëtzebuerg esou guer 92 Prozent.
D'’Europäesch Kommissioun stellt elo nei Reegele fir d’Déierentransporter vir. Déiereschutzverbänn waarde scho laang dorop - d’Reglement, wat den Ament a Kraaft ass, ass de Konditiounen net méi ugepasst, esou d’Kritik.