Retromania
Maurice Chevalie: Den Artist mam Canotier
9 min
Et ass och zu engem groussen Deel duerch de Maurice Chevalier, datt bal all Fransous am Ausland d’Reputatioun vun engem sougenannte "French Lover" huet, an datt de Fransous am Ausland als sympatheschen an net grad seriéise Bon Vivant charakteriséiert gëtt.
An iwwer 60 Joer Karriär huet de franséischen Allrounder dem Variété, der Chanson an dem Film säi Stempel opgedréckt. Esouguer zu Hollywood huet de Maurice Chevalier säi Wee gemaach, do wou hien och 1958 en Éieren-Oskar krut.
De Maurice Chevailer koum den 12. September 1888, virun 135 Joer, zu Paräis op Welt, an hie bleift och haut nach weltwäit ee vun de bekanntste Fransousen.
Wann een un de Maurice Chevalier denkt, da kënnt engem ganz sécher d’Bild vum Mann mam Canotier, dem stréienen Hutt, engem Smoking an enger Oeillet am Knäpplach an de Kapp. Hie war beléift, gouf weltwäit invitéiert, war bei Premièren Éieregaascht a gouf esouguer vum franséische President Charles de Gaule oder vum amerikanesche President Dwight D. Eisenhower invitéiert.
En anere franséische President, de Georges Pompidou, sot iwwer de Maurice Chevalier, datt d’Fransouse sech mat him identifizéiert hätten, an am Ausland war hie fir d’Leit e Symbol fir Frankräich.
De Maurice Nationale, deen d’Roll vum Ambassadeur vum franséische “Savoir-Vivre” ni lass gouf, krut an den USA 1958 en Éieren-Oskar fir säi Liewenswierk am Beräich Entertainment. An 1960 krut de Chevalier och säin eegene Stär um bekannte Walk of Fame zu Los Angeles.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus