Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Pogues - Dirty Old Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sample vun der Woch

100komma7.lu / Sample vun der Woch

/ Luther Vandross - Never Too Much

Luther Vandross - Never Too Much

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow

De Luther Vandross ass gebuer den 20. Abrëll 1951 zu New York a schonn den 1. Juli 2005 gestuerwen. Hie war en amerikanesche Sänger, Songwriter a Museksproduzent a gouf bekannt fir seng soulvoll Vocals, seng Technik a seng romantesch Liddertexter.

De Luther Vandross huet scho jonk seng Leidenschaft fir d'Musek entdeckt a krut mat senger musikalescher Kreativitéit an der Musekszeen Unerkennung. De Vandross huet mat Hitsingles wéi "Never Too Much", "Dance with My Father" an ”Here and Now" internationalen Erfolleg gefeiert. Hien huet eng grouss Fanbasis opgebaut an hat en immense kommerziellen Erfolleg.

De Luther Vandross huet och als Songwriter a Produzent geschafft, fir aner Kënschtler geschriwwen an zu hirem Erfolleg bäigedroen. Hien huet mat Stars wéi Beyoncé, Whitney Houston an Aretha Franklin zesummegeschafft. Seng Musek war eng Mëschung aus romantesche Balladen, funky Uptempo-Lidder a smooven R&B-Sound. Dem Vandross seng Vocals ware mat Emotiounen a Stëmmung gefëllt, déi de Publikum beréiert hunn.

De Luther Vandross huet sech duerch seng aussergewéinlech technesch Fäegkeeten auszeechent. Hien hat déi komplett Kontroll iwwer seng kräfteg Stëmm a gëtt dacks als ee vun de bedeitendste Soul-Sänger vu senger Generatioun ugesinn.

Duerch seng musikalesch Brillanz hat hien net nëmme kommerziellen Erfolleg, mee huet och bei de Kritiker Unerkennung fonnt, hat awer leider mat Gesondheetsproblemer ze kämpfen an ass fréi un Diabetes an enger Häerzkrankheet gestuerwen. Hie bleift awer bei de Fans als eng Ausnameperséinlechkeet an Erënnerung, dee mat sengem Talent, senger Leidenschaft a senger Emotioun eng Generatioun beweegt huet.

Hie war ganz beléift an der Hip-Hop-Zeen a gouf dacks gesampelt. Dat bekanntste Beispill ass vläicht de Sample vun Never too much, deen hei vun der Queen Pen an hirem Hit “All My Love” vun 1997 benotzt gouf.

De Smoke DZA sampelt hei och de Luther Vandross a mécht witzeger Weis säi “My Mother's Favorite Luther Song” doraus.

Mee den DJ Jazzy Jeff & the Fresh Prince haten de Sample scho laang virdru benotzt. Hei si si mam Lidd “Can't Wait To Be With You”.

Episoden

Leon Haywood - I Want'a Do Something Freaky To You

Deen amerikanesche Funk- a Soul-Sänger, Keyboarder, Plackeproduzent a Songwriter ass besonnesch bekannt fir säi groussen Hit "I Want'a Do Something Freaky to You", en Dauerfavorit an der Funk- a Soul-Community.
headphones

9 min

play_arrow

Kid Dynamite - Uphill Peace Of Mind

Eng amerikanesch Soul- a Funkband aus den 1970er Joren, bekannt fir hiren eenzegen Hit "Uphill (Peace of Mind)". Den Drumbreak aus dësem Lidd gouf Dosende Mol am Hiphop gesampelt, vun Just Ice bis Rob Base.
headphones

8 min

play_arrow

Keni Burke - Risin' To The Top

En amerikanesche Sänger, Songwriter, Plackeproduzent a Multi-Instrumentalist. Hien ass besonnesch bekannt fir säin Hit "Risin' to the Top", deen erfollegräich vu villen Rap-Kënschtler gesampelt gouf.
headphones

12 min

play_arrow

Johnny Guitar Watson - Superman Lover

En extravagante Bluessänger, Gittarist a Songwriter aus de 70er Joren, deem säin Hit "Superman Lover" e grousse Following am Hiphop, besonnesch beim Redman huet ...
headphones

11 min

play_arrow

John Coltrane - My Favorite Things

Dee groussen Jazzmuseker huet eng bedeitend Roll an der Entwécklung vum Bebop, Hard Bop a Free Jazz gespillt. Seng Samples si ganz beléift beim Andre 3000.
headphones

19 min

play_arrow

Jacques Loussier - Pulsion

Dee renomméierte franséische Pianist a Komponist huet klassesch Musek an Jazz fusionéiert fir en eenzegaartege Mix ze kreéieren. Säi Sample huet zu engem Hit vum Eminem bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Jack Wilkins - Red Clay

Den Jack Wilkins ass en amerikaneschen Jazz-Gittarist, dee fir eng aussergewéinlech Technik bekannt ass. Hien huet eng laang a produktiv Karriär a gouf ënner anerem vun A Tribe Called Quest gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Idris Muhammad - Crab Apple

Deen amerikanesche Jazz- a Funk-Batteur ass besonnesch bekannt fir seng innovativ Spillweis a gouf vum Notorious BIG gesampelt.
headphones

11 min

play_arrow

Herb Alpert - Rise

Deen amerikaneschen Trompettist, Komponist a Museksproduzent huet mam Jerry Moss d'Plackefirma A&M Records gegrënnt. Seng Musek huet dozou bäigedroen ee vun de gréissten Hits am Rap ze produzéieren.
headphones

12 min

play_arrow

Gwen McCrae - 90% Of Me Is You

Eng amerikanesch Soul- a Funk-Sängerin, déi besonnesch an den 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Hir kräfteg Stëmm an hir leidenschaftlech Interpretatiounen hu si bei Hiphop-Produzente ganz beléift gemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Grant Green - Down Here on the Ground

Deen amerikanesche Jazz-Gittarist ass besonnesch fir seng Aarbecht am Hard Bop, Soul Jazz a Bebop bekannt. Seng Fusioun vun den Elementer hunn hien zu enger beléifter Sample-Quell gemaach.
headphones

11 min

play_arrow

Grace Jones - My Jamaican Guy

Déi jamaikanesch-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin, Model a Performance-Kënschtlerin ass bekannt fir hir eenzegaarteg Stëmm, extravagant Bünenoptrëtter an hir faszinéierend Perséinlechkeet.
headphones

10 min

play_arrow

Gladys Knight and The Pips - The Way We Were/Try to Remember

Gladys Knight and The Pips ass eng amerikanesch Soul- a R&B-Grupp, déi besonnesch an den 1960er an 1970er Jore groussen Erfolleg hat. Dës Motown-Band gouf erfollegräich am Nonzeger-Joren-Hiphop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

Gene Chandler - Duke Of Earl

Deen amerikanesche Sänger, Songwriter a Museksproduzent ass am meeschte bekannt fir säi Lidd "Duke of Earl" . Säi Lidd leet de Grondstee fir der Cypress Hill hiren Hit "Hand on the Pumpgun".
headphones

6 min

play_arrow

Galt MacDermot - Space

E kanadesch-amerikanesche Komponist, Pianist a Museker, besonnesch bekannt fir seng Aarbecht am Musical "Hair", mee hien huet gläichzäiteg zu engem vun de gréissten Hits vum Busta Rhymes bäigedroen.
headphones

7 min

play_arrow

Fred Wesley and The J.B.'s - Blow Your Head

Eng legendär Funkband, déi an den 1970er gegrënnt gouf. Si waren en Deel vun der grousser James-Brown-Musekfamill a goufen dacks am Hip-hop gesampelt.
headphones

9 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Donny Hathaway - Jealous Guy

Den Donny Hathaway war en amerikanesche Soul-Sänger, Pianist, Komponist a Produzent, dee seng Lidder passionéiert interpretéiert huet. Seng Samples hunn et bis an de Laptop vum Kanye West gepackt.
headphones

8 min

play_arrow

Dizzy Gillespie - Matrix

Den Dizzy Gillespie war en amerikanesche Jazz-Trompettist, Bandleader, Komponist a Sänger. Hien ass bekannt als ee vun de Pionéier vum Bebop a war ganz beléift bei verschiddenen Hiphop-Produzenten.
headphones

8 min

play_arrow

Cymande - The Message

Eng brittesch Funk- a Soulband, bekannt fir hir eenzegaarteg Mëschung aus Funk, Soul, Reggae, Jazz an afrikanescher Musek. Hir Musek gouf dacks gesampelt, dat bekanntst Beispill kënnt vun engem Rapper vu Paräis.
headphones

84 min

play_arrow