Retromania
Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie
Mat “Walk on the Wild Side” oder “Perfect Day” sinn dem amerikanesche Sänger a Gittarist Lou Reed Weltsuccèse gelongen. Doriwwer eraus war hien och de Grënner vun der Avantgarde Punkformatioun “The Velvet Underground”. De Lou Reed gehéiert an d’Kategorie vun deene Kënschtler, déi Museksgeschicht geschriwwen hunn.
De Lou Reed hat e staarken Ego an et huet een hie meeschtens a schwaarzem Gezei gesinn, well dat sollt e Protest géint dee faarwegen Hippie-Mouvement vun den 1960-70er Jore sinn.
Dem Lou Reed seng Texter hunn ëmmer ganz vill Pessimismus erëmgespigelt, dat Ganzt a Sarkasmus an Zynismus agewéckelt, a genee dat huet dem Lou Reed seng Konscht ausgemaach. De Lou Reed ass kengem Sträit aus dem Wee gaangen, et war kee ganz kamoude Kärel a mat Journaliste konnt hie besonnesch schlecht.
D’Trauer war am Oktober 2013 grouss, wéi de Lou Reed gestuerwen ass a op de soziale Medie konnt een ënner anerem eng Notiz vum indesch-britteschen Auteur Salman Rushdie liesen: “Lou, you will always take a walk on the wild side”.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus