Retromania
Loriot: De Grandseigneur vum däitschen Humor
9 min
De Vicco von Bülow alias Loriot kann ee sécher de Grandseigneur vum däitschen Humor nennen. De Komiker, Acteur, Zeechner, Bünebildner, Kostümier, Schrëftsteller, Regisseur a Professer fir Theaterkonscht Loriot war an Däitschland e Markenzeeche vum intelligenten Televisiounsentertainment.
Am Konträr zu anere Komiker oder besser Comedians, wéi een haut soe muss, huet de Loriot, als Bouf vun engem preisesche Beruffsoffizéier a sengem Witz vill Wäert op Manéieren an op de gudden Toun geluecht.
Am November d’lescht Joer gouf un dem Loriot säin 100 Anniversaire geduecht, hie koum den 12. November 1923 op d‘Welt.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus