Klassik Live
Live aus der Congresshalle vu Saarbrécken: Iergendwou am Himmel ...
D’Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern spillt e Matinée-Concert fir den 100. Gebuertsdag vun hirem laangjäregen Éierendirigent Stanislaw Skrowczewski. Nieft dem zweete Pianosconcerto vum Bela Bartok steet um Programm déi 2. Sinfonie vum Anton Bruckner, deem säin 200. Gebuertsdag dëst Joer gefeiert gëtt.
Dëse Concert gëtt live iwwerdroen an Zesummenaarbecht mat SR2 KulturRadio.
Um Programm:
Béla Bartók (1881-1945): Pianoconcerto Nr. 2 a sol majeur
Anton Bruckner (1824-1896): Sinfonie Nr. 2 an do mineur
Interpreten:
Olli Mustonen, Piano
Deutsche Radio Philharmonie Saarbrécken/Kaiserlautern
Pietari Inkinen, Direktioun
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes