An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der leschter franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass.
An dësem Bäitrag beschwätzt hien "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu a verréit, wisou dem Goncourt-Präisträger seng éischt Excursioun an d'Autofiktioun nëmme plazeweis geléngt.