One World
La Rata Bluesera
56 min
La Rata Bluesera ass eng bekannte Bluesband aus dem Chile. Mir lauschteren an den Album “El Viaje” eran, en Disk an Éiere vu Schwenke & Nilo, ee bekannte chileeneschen Duo, deen op d’Mëssstänn vum Pinochet Regimm opmierksam gemaach huet.
Spaghetti-Western Feeling kréie mir bei de Fransouse vu l’Attirail a bei Calexico natierlech, a soubal Calexico hir Hänn mat am Spill hunn ass de Mariachi Sound net wäit!
Dem Wim Mertens säin “Maximizing The Audience” aus dem Joer 1988 war déi Zäit avantgardistesch an experimentell! De Flamänner spillt Piano, d’Gittar, sengt a komponéiert.
“the decisioun is mine, so let the lesson be mine” sengt de Benjamin Clemetine. Mir héieren eng kraaftvoll Stëmm an en net manner ausdrocksstaarke Piano …
Mestizo ass e Kollektiv, deen op eng konschtvoll Aart a Weis déi kolumbianesch Traditioune vermëscht mat Salsa, Rap, Elektro an Jazz-Impro: eng Decouverte!
Playlist:
1. La Rata Bluesera - El Viaje - El Viaje
2. La Rata Bluesera - Entre el Nicho y la Cesárea - El Viaje
3. Calexico - El Mirador - El Mirador
4. Farees - Y’all Don't Know What's Goin On (feat. Calexico) - Border Patrol
5. L'Attirail - Le pacte de Xochimilco - Wanted Men
6. Roger Mc Quinn + Calexico - One More Cup Of Coffee
7. Mestizo - Goldmine (feat. N. Hardem & Shantéh) - Mestizo
8. Benjamin Clementine - Adiós - Glorious You - EP
9. Wim Mertens - Maximizing the Audience - Best of Wim Mertens
10. Pat Metheny - Are You Going With Me - Offramp
11. Kula Shaker - Dr. Kitt - Strangefolk
12. Fabio Viscogliosi - Il bel bagno paradiso - Rococo