Kultur um 5
Kultur um 5
54 min
D'Marie Schockmel aus der klassescher Museksredaktioun schwätzt mam Gittarist Sergio Tordini, deen dëse Freideg en Tango Concert de Midi zesumme mat sengem Quintett “La Bocka” am Neimënnster spillt.
De Marc Clement bréngt déi nei Scheif “Bär“ vun der Johanna Burnheart mat a mam Kerstin Thalau geet Rieds iwwer d’Geschicht vum “Ghostcatcher” an déi kënschtleresch Neiinterpretatioun dovunner, un där eng Rei Kënschtlerinnen aus aller Welt, iwwer fënnef Joer laang, transdisziplinär geschafft hunn.
Weidert Theema ass den Hotel Cravat an der Stad, Haaptsujet de leschte Sonndeg an eisem B-Radio.