Als Basis hunn d’Fuerscher déi sougenannten Checklëscht vun der American Heart Association getest.
Dat ass eng offiziell Lëscht mat den aacht essentielle Gewunnechten, déi engem hëllefe méi laang gesond ze bleiwen a virun allem de kardiovaskuläre System ze schounen:
Gesonde Schlof, net fëmmen, eng reegelméisseg physesch Aktivitéit anhalen, gesond iessen, e gesond Gewiicht behalen, keen Zocker, gudde Cholesterol a Bluttdrock hunn.