Retromania
John Wayne: Äerz-konservative Western-Legend
9 min
Mat sengen 1 Meter 93 a senge breede Schëlleren huet de John Wayne ouni Zweiwel zu de ganz Grousse vum Hollywood-Film gehéiert. A senge 50 Joer Karriär huet den John Wayne an der Haaptsaach a Westernfilmer Haaptrolle gespillt, an als Zelluloid-Cow-Boy huet hien op eng decisiv Manéier zum Mythos vun deem Filmgenre bäigedroen.
An de Western huet den John Wayne a Klassiker wéi “Rio Bravo“ oder “Ringo“ matgespillt, war dernieft awer och an e sëllege Krichs- an Aventuresfilmer ze gesinn, virun allem och am Klassiker “The Longest Day“.
Den amerikaneschen Acteur a Filmlegend mat enger äerzkonservativer Astellung John Wayne ass viru 45 Joer am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus