Retromania
John Denver: Den engagéierte Country-Sänger
"Country Roads, take me Home, to the Place I belong, West Virginia, Mountain Mama, take me Home, Country Roads”.
Déi ganz Welt kennt se, dem John Denver seng nostalgesch Trucker-Hym. Seng musikalesch Identitéit ass den amerikanesche Country, a seng sober Texter schwätze vun der Schéinheet vun de Bëscher, Wisen a Bierger.
Op Sylvester dëst Joer hätt den John Denver 80 Joer kritt. Mee d’Lous hat awer anescht decidéiert: den 12. Oktober 1997 koum dee 54 Joer ale Sänger, Gittarist, Songwriter an Entertainer bei engem Fligeraccident an der Bucht vu Monterey a Kalifornien ëm d’Liewen. Den Artist souz selwer hanner dem Steier vu senger Sports-Maschinn, an Aenzeien no wier de Fliger riicht erof an de Pazifik gefall. Iwwer d’Ursaach vum Ongléck gouf spekuléiert: d’Wiederkonditiounen ware jiddefalls net responsabel. Seng grouss Passioun, d’Fléien, hat dem John Denver d’Liewe kascht.
Den Artist huet iwwer säin Doud eraus d’Country- an d’Folk-Zeen weider markéiert, an hie lieft bis haut duerch seng Musek weider.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus