Retromania
Johannes Mario Simmel: E Vertrieder vum realistesche Roman
7 min
“Es muss nicht immer Kaviar sein” an “Und Jimmy ging zum Regenbogen” sinn déi bekanntst Romaner vum éisträicheschen Trivialauteur Johannes Mario Simmel. Leschte Sonndeg (7.4.) gouf un de Simmel erënnert, den Dag vu sengem 100. Anniversaire. Den Auteur ass den 1. Januar 2009 am Schwäizer Luzern gestuerwen.
Mat senge Romaner huet de Simmel senger Zäit allkéiers op en Neits e Spigel virgesat, ob vun Ëmweltzerstéierung, Neonazismus, Xenophobie oder Wirtschaftskriminalitéit rieds goung. Iwwer 50 Joer huet de Johannes Mario Simmel geschriwwen, fir säin Deel zu enger besserer Welt bäizedroen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus