Retromania
Joe DiMaggio: Sportlerlegend a Mythos vun der Popkultur
11 min
Et gi wuel an all Sportaarte Leit, déi richteg Superstare sinn. Am Fussball kommen engem e Maradonna, en Neymar oder e Ronaldo an de Kapp, am NBA-Basket de Michael Jordan oder de Magic Johnson, an der Liichtathleetik den Usain Bolt an esou weider. Am amerikanesche Baseball ginn et och Superstaren, de Babe Ruth, iwwer dee mir schonn eng Kéier am Retromania Rieds haten, oder den Joe DiMaggio.
Hien ass eng Legend am Baseball, mee gouf duerch säi Bestietnes mat der Marilyn Monroe zu engem Mythos vun der Popkultur. Den 8. Mäerz 1999, also viru 25 Joer, ass den Joe Dimaggio am Ater vu 85 Joer u Longekriibs gestuerwen, hien deen ëmmer extreem vill gefëmmt huet.
De Joltin Joe blouf awer bis haut en amerikaneschen Idol, an dat net nëmme fir Baseballspiller.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus